top of page

KIISCHT OP DER BÜN

Begleed vum Mirka Costanzi (LU)

Dagesatelier

LU
Vir e gelongene Kuch ze bake brauch en eng ganz Réi Zutaten.
Vir e schéine Spektakel ass et net vill anescht : Schauspiller, Luuchten, Dekor, Marionetten, Objeten, Geschicht … vill Elementer déi dozou bäidroen dass et engem schmaacht oder net.
Zesumme mat der Theaterpedagogin Mirka Costanzi, verbréngen déi jonk Konschtentdecker*innen e ganzen Dag um Festival. Um Menü sti 4 Spektakelen, Theaterübungen a Spiller, e Bléck Hannert d’Kulissen, Iessen an Drénken am Backstage mat de Kënschtler*innen, kreativ brutschelen, austauschen an experimentéieren.
Sou wéi jiddereen eng Virléift vir Äerdbier-, Vanill- oder Schockelasglace kann hunn, sou kënnen déi néi Kulturgastronomen sech all déi néi Erfarungen op der Zong zergoe loosse vir um Enn vum Dag erauszefanne wéi een Spektakel hier Kiischt op der Bün war.

QUAND / WÉINI

DIM 28.05 • 9:45 - 17:15
LUN 28.05 • 9:45 - 17:15

AGE / ALTER

8-12

LANGUE / SPROOCH

Lëtzebuergesch

SALLE / PLATZ

RDV Billetterie

DURÉE / DAUER

9:45 - 17:15

PRIX / PRÄIS

40€ Inklusiv 4 Virstellungen, Iessen a Gedrénks an Aktivitéite
> Aschreiwung bis den 19te Mee!

Distribution, soutiens, crédits

Programm vum Sonndeg:
10:30 - Monologue d'un chien bien coiffé
11:15 - Kom Hier
14:15 - Lice & Semp
15:30 - To have or not to have

Programm vum Méindeg:
10:45 - Les intimités de l'Homme-Orchestre
12:00 - To have or not to have
14:00 - Kom hier
16:00 - Lice & Semp

Photos © Services for Creatives

bottom of page