
KIISCHT OP DER BÜN

Begleet vum Mirka Costanzi (LU) oder Laetitia Lang (LU)
Dagesatelier
LU
Vir e gelongene Kuch ze bake brauch een eng ganz Réi Zutaten.
Vir e schéine Spektakel ass et net vill anescht : Schauspiller, Luuchten, Dekor, Marionetten, Objeten, Geschicht … vill Elementer déi dozou bäidroen dass et engem schmaacht oder net.
Zesumme mat den Theaterpedagoginnen, verbréngen déi jonk Konschtentdecker.Innen e ganzen Dag um Festival. Um Menü sti
4 Spektakelen, Theaterübungen a Spiller, e Bléck Hannert d’Kulissen, Iessen an Drénken am Backstage mat de Kënschtler·Innen, kreativ brutschelen, austauschen an experimentéieren.
Sou wéi jiddereen.t eng Virléift vir Äerdbier-, Vanill- oder Schockelasglace kann hunn, sou kënnen déi néi Kulturgastronom.Innen sech all déi néi Erfarungen op der Zong zergoe loosse vir um Enn vum Dag erauszefanne wéi ee Spektakel hier Kiischt op der Bün war.
d’Virstellungen um Programm:
10:45-11:35 Vademecum
12:00-12:45 Cinq minutes avec toi
13:30-14:20 Minuit
15:00-15:30 Boxed
QUAND / WÉINI
DIM 08.06 • 9:45-17:15
LUN 09.06 • 9:45-17:15
AGE / ALTER
8-12
LANGUE / SPROOCH
LU
SALLE / PLATZ
RDV Billetterie
ACCESSIBILITÉ / ACCESSIBILITÉIT
Non PMR / Net adaptéiert / Not accessible
DURÉE / DAUER
9:45 - 17:15
PRIX / PRÄIS
40€ Inklusiv 4 Virstellungen, Iessen a Gedrénks an Aktivitéite
> Aschreiwung bis den 2. Juni!
Distribution, soutiens, crédits
Konzept am Atelier : Mirka Costanzi oder Laetitia Lang
©Angélique D’Onghia
©Steve Ginepri